Konzept

Hei gesitt Dir Schlësselmomenter vun eiser Schoulentwécklung: PDS 2018-2021- 3. Joer

„Et sur les indications du diable, on créa l’école.

L’enfant aime la nature: on le parqua dans des salles closes.

L’enfant aime voir son activité servir à quelque chose :

on fit en sorte qu’elle n’eût aucun but.

Il aime bouger: on l’obligea à se tenir immobile.

Il aime manier des objets: on le mit en contact avec des idées.

Il aime se servir de ses mains: on ne mit en jeu que son cerveau.

Il aime parler: on le contraignit au silence.

Il voudrait raisonner: on le fit mémoriser.

Il voudrait chercher la science: on la lui servit toute faite.

Il voudrait s’enthousiasmer: on inventa les punitions.

[…] Alors les enfants apprirent

Ce qu’ils n’auraient jamais appris sans cela.

Ils surent dissimuler, il surent tricher, ils surent mentir.“

Adolphe Ferrière



Säit 2012 fonctionnéiert de Geenzepark als Ganzdagsbildungsstruktur. Dat pedagogescht Konzept gouf a gëtt permanent weiderentwéckelt. Anescht ewéi vum
Adolphe Ferrière duergestallt, ass et eis wichteg, dem Kand säi Léieren net just op dat schoulescht Léieren ze reduzéieren an dofir versiche mir dat schoulescht Léieren mat deem ausserschoulesche Léieren méiglechst ze vernetzen an d’Kand a senger ganzer Perséinlechkeet wouer ze huelen.

Fir dëst unzegoen, hu mir en Alldag, deen anescht ausgesäit, wéi an deene meeschte Schoulen. Bei eis huet d’Kand all Dag vun 8 bis 16 Auer Schoul. Doriwwer eraus kann d’Kand all Dag vu 7 bis 19 Auer betreit ginn, dëst och an de Vakanzen. Säin Dagesrhythmus ass während de Schoulzäiten esou gestalt, datt Fräizäit a schoulescht Léieren sech ofwiesselen. D’Konzept baséiert deemno op 3 Pilieren :

Folgend Iwwerzeegungen leeden eist Handelen am Alldag :

All Kand …

… ass interesséiert a wëll léieren.

… ass eenzegarteg.

… brauch Sécherheet.

… kënne mir Vertraue schenken.

… gëtt zu all Moment säi Bescht.

Mir Educateuren/-tricen an Enseignanten …

… gesinn d’Ënnerscheeder als Beräicherung.

… verstinn an ënnerstëtzen Grouss a Kleng.

… lauschteren dem Kand seng Meenung.

… vertraue Grouss a Kleng a respektéieren aner Meenungen.

… deele Gedanken oppen an éierlech mateneen.

 

An eisem Unterrecht…

… steet d’Bezéiung zu de Kanner un éischter Plaz.

… gi mir dem Kand Zäit an d’Méiglechkeet ze verstoen.

… baue mir op Kooperatioun an Zesummenaarbecht.

… vernetze mir Inhalter a ginn dem Léieren e Sënn.

… feiere mir Feeler an ënnerstëtzen d’Kand op sengem Wee.

 

Eist pedagogescht Konzept baséiert op dësen 9 Wuerzelen, déi d’Wuesse vum Mirabelle-Bam erméigleche sollen.




Atelieren : Interessen a Matbestëmmung am Virdergrond



Op den Nomëtteger bidde mir Atelieren an de Beräicher Konscht, Musek, Naturwëssenschaften, Sport, nei Medien, Geschichten, Demokratie, Wäerter a Wuelbefannen un. Am Prinzip duerf d’Kand sech aschreiwen, wou et wëll.

» News

Differenzéierung : Dat eenzelt Kand am Virdergrond



Net all Kand kann ass zum selwechten Zäitpunkt bereet, dat Selwecht wéi aner Kanner ze léieren. An eisem Unterrecht passe mir d’Léierinhalter an d’Methode méiglechst dem Rhythmus an de Besoine vun all eenzelem Kand un.

» News

Metakognitioun : Eegeverantwortung am Virdergrond



Léiere brauch Motivatioun ! Motivatioun entsteet, wann d’Kand e Sënn an deem gesäit, wat et mécht. Am Alldag vermëttele mir d’Léierinhalter esou, datt mir op en Zil hischaffen, woubäi d’Kand sech senge Stäerkte a senge Bedierfnisser bewosst soll ginn.

» News

Projeten : Sënnhaftegkeet am Virdergrond



Fir autonom ze schaffen, muss d’Kand sech kënne Froe stellen, Recherche maachen an Informatiounen opbereeden an nei Erkenntnisser presentéieren. An der Projetsaarbecht erméigleche mir et dem Kand un Themen ze schaffen déi et interesséieren an dës spéider ze presentéieren.

» News

Ausserschoulescht Léieren : Emotionaalt a soziaalt Léieren am Virdergrond



Zum Léiere gehéiert och dat emotionaalt a soziaalt Léieren dozou, wat wäit iwwert de Klassesall eraus stattfënnt. Dofir ass e.a. de Bësch eng Plaz, wou mir mat de Kanner reegelméisseg Léiersituatioune schafen. Des Weidere gehéieren och pedagogesch Sortien an Ausflich bei eis dozou.

» News

Elterebedeelegung : Kooperatioun am Virdergrond



D’Kand brauch v.a. Sécherheet fir kënnen seng Zäit an der Villa Mirabella optimal fir seng Entwécklung ze notzen. Dofir leeë mir e grousse Wäert op eng gutt Kooperatioun mat den Elteren, déi d’Kand am beschte kennen. Nëmme gemeinsam kënne mir d’Kand op sengem Wee optimal begleeden!

» News

Kommunikatiounskultur : Oppenheet am Virdergrond



Kooperatioun setzt eng oppen an éierlech Kommunikatioun viraus. Dofir begéine mir een deem anere géigeniwwer oppe fir Kritik, Luef a Verbesserungsvirschléi a sinn drëm beméit eis Approche dem Kand senge Besoinen unzepassen.

» News

Feedbackkultur : Progressioun am Virdergrond



Aktiv léiere kann d’Kand dann, wann et sech senger Stäerkten a Schwächte bewosst ass. V.a. awer muss et wëssen, wéi et sech verbessere kann. Dofir bidde mir e reegelméissege Coaching un, wärenddem mir mam Kand iwwert säi Léierverhale schwätzen.

» News

Reegelen an der Villa Mirabella : Sécherheet am Virdergrond



Do wou vill Leit zesumme liewen a léieren, brauch et eng Struktur an e Kader, an deem d’Kand sech sécher spiert. Dës Sécherheet kritt d’Kand doduerch, datt et Reegele ginn, déi jidderengem bekannt sinn a konsequent respektéiert ginn. Dofir hu mir 6 allgemeng Reegelen opgestallt.

  • Ech schwätze lues am Schoulgebai.
  • Ech ginn duerch de Gang.
  • Ech ginn déi richteg Säit an den Trapen.
  • Ech bleiwen op menger Plaz an der Rei.
  • Ech leeën alles op seng richteg Plaz am Regal.
  • Ech waarde virun der Dier, wann se zou ass, bis ee Grousse kënnt.
  • Ech hänke meng Kleeder op a stelle meng Schlappen op déi richteg Plaz.
  • Ech benotzen d’Saachen esou, wéi ech soll.
  • Ech huelen nëmme Saache mat Heem, déi mir gehéieren.
  • Nëmmen déi Grouss duerfen de Feierläscher upaken.
  • Ech soen „Moien“, „Äddi“, „Pardon“, „Merci“ a „wgl.“.
  • Ech schwätze lues a si léif mat deenen anere Kanner.
  • Ech verdroe mech mat menge Frënn.
  • Ech probéieren e Sträit ze léisen.
  • Ech spille gewaltfräi Spiller.
  • Ech brengen eng Mutz an e Schal am Wanter mat.
  • Ech brenge meng Turn- a Schwammsaache mat.
  • Ech loossen den Handy doheem.
  • Ech loosse Spillsaachen, Bijouxen, Lëppestëft, … doheem.
  • Déiere bleiwen doheem.
  • Ech brengen nëmme Waasser, Uebst oder Schmiere mat an d’Schoul.
  • Ech halen op, wann ech „Stopp“ héieren.
  • Mir schwätze mateneen an net iwwert een aneren.
  • Ech hëllefen deenen anere Kanner a laachen net iwwert een aneren.
  • Ich léise Sträit net duerch Schloen.
  • Ech soen engem anere Kand „Merci“ fir seng Hëllef.
  • Ich froen ee Groussen, fir de Ball duerfe sichen ze goen.
  • Ech bleiwen am Schoulhaff.
  • Ech bleiwen an der Schoul.


» News