Schoulorganisatioun

Konzept


Erzéihung, Bildung, Betreiung a Fräizäit – Ganzdagsbetreiungsstruktur, eng Plaz wou geléiert a geliewt gëtt

 

Architektur  - Raum - Kapazitéit

D’Ganzdagsbetreiungsstruktur gëtt am Geenzepark ënnerbruecht. Duerch eng duerchduechten pädagogesch Architektur ass dëst eng Plaz, wou geléiert a geliewt ka ginn, wou Kanner, Personal an och Elteren sech wuelfillen. D’Raim sinn thematesch ageriicht an esou datt alleng, zu 2 oder a Gruppe geléiert a geliewt ka ginn. 

 

Zielgrupp

Op ausdrécklechem Wonsch vum Schäfferot aus der Gemeng Wooltz soll de Geenzepark eng Reaktioun op de gesellschaftleche Wandel duerstellen.

De Geenzepark ass fir ALL Kanner aus der Gemeng Wooltz, deenen hir Elteren hir Kanner an des Schoulform aschreiwen. De Geenzepark huet eng maximal Kapazitéit vun 120 Kanner, vu Cycle 1 mat Précoce bis Cycle 4. Fir eng gemëschte Populatioun z’erméigleche ginn et critères d’admission.

 

Leitbild

D’Kompetenzen, déi de Plan d’études festleet, sinn déi selwescht wéi déi vun enger klassecher Regelschoul. D’Kand steet am Mëttelpunkt vu sengem Léierprozess. Inhalter an Methoden am schouleschen wéi am fräizäitleche Beräich gi vum Kand matbestëmmt an sinn no u sengen Erfahrungen orientéiert. D’Kand gëtt ganzheetlech gesinn, souwuel a schoulesche wéi och a fräizäitlechen Situatioune fir et kënne geziilt a senger Entwécklung weider ze bréngen. Aktiv Forme vu Léiere ginn ëmgesat fir dass d’Kand zu enger eegestänneger an autonomer Perséinlechkeet opwuesse kann. D’Léieren ass ee liewenslaange Prozess fir d’Kanner an déi Erwuessen. D’Léiere fënnt a soziale Situatioune statt wou ee vun deem anere léiert.

 

Methoden 

De Geenzepark fonktionnéiert no engem spezifeschen Dages- an Wochenoflaaf, 5 Deeg an der Woch. Et gëtt eng obligatoresch Plage an doniewt eng fräiwëlleg Plage, an där d’Elteren hir Kanner no hire Bedürfnisser aschreiwe kënnen. 

D’Kanner gi vun enger professionneller Equipe begleet déi sech aus Educateuren an Enseignanten zesummesetzt an déi zesummen un engem gemeinsamen a kohärenten Bildungs- an Erzéihungskonzept schaffen. All déi Erwuesse solle sech mat hire perséinlechen Talenter, Erfahrungen a Fähegkeeten abréngen.

Niewt Bildung hun Kanner och ee Recht op eng sënnvoll Fräizätgestaltung an der Communautéit. Dëst kann duerchaus an Zesummenaarbécht mat sozialen an kulturellen Ariichtungen erméiglecht ginn.

Bedeelegung vun Elteren am Alldagsgeschéien vun dem Geenzepark a bei  besonneschen Aktivitéiten dréit zu enger wäertvoller  Zesummenaarbecht bäi.