Chrëschtfeier "Reenert"

16/12/2013

Mir, d'Kanner, d'Personal an de Fiischen aus dem "REENERT" invitéieren Iech herzlech op eise Chrëschtconcert, den 18ten Dezember vun 14:30 bis 17:00 Auer am Festsall. (11, avenue Nicolas Kreins)

Eise Concert, eng Tombola fir Grouss a Kléng an eise Chrëschtbazar bereeden Iech hoffentlech vill Freed.

Fir Iessen an Drénken ass natierlech och gesuergt.

Den Entrée ass fräi an Dir braucht nët ze reservéieren.

Mir fréen eis op Iech.