Ab dëser Woch bidde mir de Kanner ee WM-Studio-Atelier, an dee si sech an der Mëttesstonn kënnen aschreiwen, un, esou dass si d'Zesummefaassungen an d'Goler vun de spéiden Oowesmatcher vun der Fussball-WM kënne kucken.
Donnegdes, den 5. Juni organiséiert d'Ekipp aus der Villa Mirabelle zesumme mat Elteren een Ateliersdag bei dem d'Eltere bei den Atelieren déi d'Kanner sech erausgesicht hu kënne matmaachen.
D'Elteren hu während dem ganze Moien a während der Mëttesstonn d'Geleenheet der Ekipp iwwer d'Schëller ze kucken, aktiv matzemaachen a mëttes mat de Kanner an der Villa Mirabella z'iessen.
Aus organisatorischen Gründen, kann der Gesprächsabend des “Bureau socio-éducatif” in Zusammenarbeit mit der Elternschule und der Elternvereinigung, nicht wie geplant am kommenden Donnerstag, dem 5. Juni 2014 stattfinden. Der Gesprächsabend wird auf den Beginn des kommenden Schuljahres verlegt. Wir bitten um Ihr Verständnis.
D'Kanner aus der Villa Mirabella huelen um Schoulsportdag am Kiischpelt deel.
Zesumme fuere mir moies mat engem Bus op Wëlwerwoltz a sinn oowes fir 16.00 Auer zréck an der Villa Mirabella.