Home

Aktuelle News





Chreschtfeier "Reenert"

16/12/2015
D'Schüler an d'Leierpersonal invitéiren Iech häerzlech op d'Chreschtfeier, am Festsall vum Reenert, Mettwochs den 16. Dezember ab 13Auer30. Reservéiren kenn Dir um Telelefonsnummer 958370-60. D´Entrée ass 5€, just virbestallten Tickeen huelen un der Tombola deel. Fir Kaffee, Kuch, Waffelen a Gedrénks ass beschtens gesuergt. Mat de Suen déi mir erakréien ennerstetze mir "d'Classe d'été" op Ostende.
Mir géifen eis freeen Iech zuelräich begréissen ze kennen.

Reegelen a Limiten am Alldag mat eise Kanner

12/11/2015
Déi 3 weeltzer Grondschoulen invitéieren op ee gemeinsame Konferenz an Diskussiounsowend an Zesummenaarbécht mat der Eltreschoul Janusz Korczak, 
Donnesdes, den 12. November 2015 ëm 19.30 Auer am Prabbeli zu Woltz.

Dag vum Bam

11/11/2015
Den 11ten November 2015 hun d'Kanner aus dem C4.1 aus der Villa Millermoaler a Kooperatioun mam 'Naturpark Uewersauer' an der Geméng Wooltz Beem an der 'Rue des Charretiers' geplanzt.

Mir soën hinnen vilmols Merci fir déi flott Initiative an deen flotten Moien.

Erste Vorherige Nächste Letzte