Maison Relais Palleramma
D’Maison Relais Palleramma, am neie Schoulgebai ass op vir all Kand datt zu Wolz an d’fundamental Schoul geet.
D’Maison Relais fonctionnéiert vu Méindes bis Fréides zwësche 7.00 Auer Moies an 07.00 Auer Owes. De Stonnenpräis ass gebonnen un den Tarif vum Chèque Service. D’Chèque Service Kaart, di een op der Gemeng ausgestallt kritt ass obligatoresch vir all ageschriwwend Kand.
Oft iwwerschrëtt d’Nofro eis maximal Capacitéit vun 102 Kanner; an dësem Fall selectionnéiert d’A.S.B.L. Kannerhaus Wolz no soziale Critèren.
D’Maison Relais bitt folgend Servicer un: Accueil, Animatioun, Restauratioun a Berodung. Vir all dës Servicer ze garantéieren huet d’Kannerhaus Wolz A .S.B.L. qualifizéiert Personal engagéiert; dorënner 4 Educateuren, 7 Aide-Educateuren, 2 Aide-Ménagèren an 2 Käch.
D’Kanner sinn an 3 Altersgruppen opgedeelt : CLOWNEN Cycle 1-2; ARTISTEN Cycle 3, MAGIER Cycle 4
D’Mëttegiessen ass den Kanner hiren spezifesche Bedürfnisser ugepasst, ofwiesslungsräich a gëtt op der Plaatz gekacht.
Info an Anschreiwung um Tél. 95 83 70 -58
Mme ANTINORI Sandra
|