D'Ënnerstëtzung fir Aere Browser gët no a no ofgebaut.
Fir all d'Funktioune vun dëser Websäit optimal notzen ze kënnen, recommandéiert EducDesign Iech déi aktuellste Versioun vun dëse Browser ze benotzen.

FireFox Chrome Internet Explorer
Close
schoul-wooltz.lu: Home > News
Du bass hei: Home > News


#!(news_untitled):

News | Archiv


imagespacer pixel

Fotoe vum Schoulfest

12. Juli 2010

D'Fotoe vum Schoulfest fannt Dir um Site vun RTL.

Mir soen dem Willy Schneider villmols merci fir déi vill flott Fotoen.

Fir d'Fotoen ze kucken: Klickt hei op de Link

http://news.rtl.lu/fotogalerien/events/4579/overview/

oder op:

www.willyschneider.com


imagespacer pixel

Schoulfest 2010

01. Juli 2010

Mir invitéieren all d'Kanner mat hirren Eltren op eist grousst Schoulfest zum Thema "Asien".

Weider Informatioune fannt dir um Flyer.

image doc.pdf (94 kb)
imagespacer pixel

DINO-Ausstellung

21. Juni 2010

Grouss DINO-Austellung
An der Villa Mirabella a bei de Millermoaler
Et geet lass:
Freides, den 02.07.10 um 16:00 – 19:00

D’Austellung ass nach op:

Samsdes, den 03.07.10 vun 10:00 – 16:00
Méindes, den 05.07.10 vun 16:00 – 18:00

Dir sidd all häerzlech invitéiert!



image doc.pdf (529 kb)
imagespacer pixel

Panini Tauschbörse

14. Juni 2010

E Mëttwoch, de 16. Juni 2010 fënnt ëm 16.00 Auer am Festsall vun der Grondschoul Wooltz eng Panini Tauschbörse fir d'Kanner aus all de Cycle statt.

imagespacer pixel

Schoulfest 2010

08. Juni 2010

Schoulfest 2010

Samsdes, den 10. Juli vun 11.00 bis 18.00 Auer

Thema: Asien


11.00 Apéritif
12.00 Mettigeessen
13.00 Start vun den Ateliers ronderem Thema "Asien"
16.30 Miniplayback-show

Méi Detailer fannt Dir an de nächste Wochen hei um Site.




imagespacer pixel

Panini Tauschbörse

18. Mee 2010

D'Grondschoul Wooltz organiséiert e Mëttwoch, den 19. Mai 2010 ëm 16.00 Auer eng Panini Tauschbörse mat de Biller vun der Fußball-Weltmeeschterschaft am Festsall vun der Schoul.



imagespacer pixel

Cycle 2 - Ausstellung Beruffer

17. Mee 2010

D'Kanner an d'Léierpersonal aus dem Cycle 2 soen all de Weeltzer Betriiber, déi um Projet deelgeholl hunn, ee grousse Merci, dass d'Kanner hunn däerfen op Besuch bei si kommen.

Jiddereen ass häerzlichst invitéiert op d'Ausstellung vun de Kanner vum Cycle 2 am neie Gebai zum Thema "Beruffer".

D'Ausstellung ass op:

Mëttwochs, den 19. Mai vun 13.30 bis 14:00 Auer a vun 16:00 bis 18:00 Auer

Freides, den 21. Mai vun 13:30 bis 14:00 Auer a vun 16:00 bis 17:00 Auer.

imagespacer pixel

6.Schouljoers-Fussballsmatch

29. Abrëll 2010

Mëttwochs, den 12. Mai 2010 organiséiert d'Grondschoul vu Wooltz, an Zesummenarbicht mam Comité des parents an der Eltrevereenigung, ee Fussballstournoi vun de Kanner aus dem 6.Schouljoer géint d'Léierpersonal ab 17. 00 Auer an der Sportshall am neie Gebai.

Doneewt fënnt och ee Völkerballsmatch vun de Kanner aus dem 6.Schouljoer géint d'Jofferen statt.

Fir Eessen a Gedrénks ass gesoorigt.

Den Erléiss vum Owend geet un den Télévie.

imagespacer pixel

Cycle 2- Hellef fir Haiti

14. Abrëll 2010

D'Kanner an d'Eltre vum Cycle 2 hunn zesummen 672€ gesammelt an un d'Hëllefsorganisatioun vun der Caritas "Een Dag iwwert dem Kapp" gespend.

imagespacer pixel

Schoulsportdag zu Wooltz vum 22 Mäerz bis den 26 Mäerz

16. März 2010

Dës Woch steet d’Schoul am ganze Land am Zeechen vum Sport. Während enger ganzer Woch turnen, lafen, sprangen an beweege sech d’Kanner aus deene verschiddene Cyclen ënnert engem gewësse Motto.


>> Weider Informatiounen

10 vun 12 Elementer ginn op der Säit 1 vun 2 ugewisen ( éischt | zréck | nächst | läscht )