
Website Statistik
| 45621 |  | Besucher
| | 872 |  | Séiten op eisem Website
| | 8179 |  | Biller op eisem Website
|
|
|  | Wëllkomm
D‘Weeltzer Grondschoul ass eng vun de gréißte Schoulen aus dem Norde vum Land. Iwwer 620 Kanner, sinn op 37 Klasse verdeelt a gi vun 68 Enseignanten encadréiert. Dat Ganzt verdeelt sech op 4 Gebaier.
An den eenzelne Cycle ginn et eng Rei flott an interessant Projeten:Integratiounsklassen, Integratioun vum Précoce an d‘Spillschoul, Cyclen déi ganz mat Team-Teaching funktionnéieren, Cyclen an deenen d‘Klassen an Atelieren zesumme schaffen, Öko-Label fir d'Schoul, Gesond- Ernährungs- Projet, Kleng a Grouss ginn zu Fouss, Fruit4School- Uebst ass cool, an an an ...
Neewt dem Schoulalldag gelénkt et den Enseignanten och all Joers een ofweesslungsräiche Programm fir d‘Lasep opzestellen an de Kanner och hei vill flott Momenter z‘erméiglichen.
Zesumme mat dem Comité des parents, der Eltrevereenigung an der Gemeng Wooltz ginn all Joers vill Projeten an Aktivitéite fir d‘Kanner an d‘Eltren organiséiert, déi emmer op ee Neits vill Familljen an d‘Schoul zitt. Hei denke mir besonnig un eisen Liichterstaffellaf am Dezember, eis Chrëschtfeier an d‘Schoulfest als Ofschloss vum Schouljoer.
Un dëser Plaz seef och eis Maison Relais „Palleramma“ ervirgehoff, déi zënter poar Joer mat vill Engagement an Asaz Dag fir Dag d‘Kanner aus der Grondschoul betreit. |  | |
 |  | 28. November 2011
Fregdes, den 9. Dezember ass ëm 18.45 zu Wooltz virun der Gemeng de Liichter-Staffellaf vun der Grondschoul.
Méi Informatioune fannt Dir hei op der Affiche.
|
|  |  | 03. Oktober 2011
Hei fannt Dir den Zeitungsartikel zur Aweiung vum Schoulgoart an dem séchere Schoulwee, souwéi zur Präsentatioun zu de Pläng vum neie Schoulhaff.
Klickt einfach op de Link.
http://www.mywort.lu/wiltz/news/11923352.html
|
|  |  | 27. September 2011
Mir wënschen all de Kanner an hirren Eltere vill Spaass zu Fouss um Schoulwee.
|
|  |  | 19. September 2011
E Fregdig de Mëttig, den 23. September 2011 ass d'Aweiung vum "Séchere Schoulwee", vun " eisem Schoulgoart" an d'Präsentatioun vun de Pläng vum neie Schoulhaff vum Cycle 4.
Mir géingen eis freeë vill Elteren e Fregdig de Mëttig ab 14.00 Auer am Schoulhaff vum Cycle 2 begréissen ze kënnen.
|
|  |  | 07. September 2011
D'Schoulrentrée ass Donnesdes, den 15. September 2011
|
|
5 vun 5 Elementer ginn op der Säit 1 vun 1 ugewisen ( éischt | zréck | nächst | läscht ) |  |
Anleitungen AFELO, Gruppenmanager, Storyboard, Tiparlo, Webbook, Wiki, Kalender > Alle Anleitungen auf olefa.com
OLEFA Neuheiten Der völlig neue Gruppenmanager ermöglicht es neben dem Erstellen neuer Konten jetzt auch Schüler des letzten Schuljahres zu reaktivieren. > mehr dazu auf olefa.com
 |
Website Statistik
| 45621 |  | Besucher
| | 872 |  | Séiten op eisem Website
| | 8179 |  | Biller op eisem Website
|
|
|