Wëllkomm
D‘Weeltzer Grondschoul ass eng vun de gréißte Schoulen aus dem Norde vum Land. Iwwer 620 Kanner, sinn op 37 Klasse verdeelt a gi vun 68 Enseignanten encadréiert. Dat Ganzt verdeelt sech op 4 Gebaier.
An den eenzelne Cycle ginn et eng Rei flott an interessant Projeten:Integratiounsklassen, Integratioun vum Précoce an d‘Spillschoul, Cyclen déi ganz mat Team-Teaching funktionnéieren, Cyclen an deenen d‘Klassen an Atelieren zesumme schaffen, Öko-Label fir d'Schoul, Gesond- Ernährungs- Projet, Kleng a Grouss ginn zu Fouss, Fruit4School- Uebst ass cool, an an an ...
Neewt dem Schoulalldag gelénkt et den Enseignanten och all Joers een ofweesslungsräiche Programm fir d‘Lasep opzestellen an de Kanner och hei vill flott Momenter z‘erméiglichen.
Zesumme mat dem Comité des parents, der Eltrevereenigung an der Gemeng Wooltz ginn all Joers vill Projeten an Aktivitéite fir d‘Kanner an d‘Eltren organiséiert, déi emmer op ee Neits vill Familljen an d‘Schoul zitt. Hei denke mir besonnig un eisen Liichterstaffellaf am Dezember, eis Chrëschtfeier an d‘Schoulfest als Ofschloss vum Schouljoer.
Un dëser Plaz seef och eis Maison Relais „Palleramma“ ervirgehoff, déi zënter poar Joer mat vill Engagement an Asaz Dag fir Dag d‘Kanner aus der Grondschoul betreit. |  | |